Job Description
CJF - Grandir ensemble - Zesumme Wuessenhttps://www.cjf.luZanter 38 Joer engagéiert sech CJF am soziale Secteur zu Lëtzebuerg a setzt sech fir dâWuel vum Kand, dem Jugendlechen an der Famill an. Haut schaffe méi wéi 750 Mataarbechter an iwwer 40 Strukturen a Servicer, verdeelt op 19 Gemengen am ganze Land. Als Member vun der Bientraitance a.s.b.l. orientéiere mir eis un enger Kultur vu Bientraitance a Bienveillance. Eis professionell Haltung, eis Projete wéi och eis Aarbechtsweis gi vun dësem Respekt an dëser Unerkennung vum Mënsch geleet. Eis Missioun â Zesumme wuessen â ass de Kär vun all eisem Handelen. Ob an der Fréientwécklung, an der Jugend oder am Iwwergank an dâErwuesseneliewen: eis Mataarbechter*innen setzen sech all Dag dofir an, e rouegt an ënnerstëtzend Liewensëmfeld ze schafen, an deem all Kand, Jugendlechen oder jonken Erwuessenen dâMéiglechkeet kritt, sech voll zâentfalen â onofhängeg vu senger Liewenssituatioun oder sengen Ãnnerscheeder.Fir dâCellule de Développement de la qualité pédagogique siche mir eng/ee Chargé(e) de la qualité pédagogique (m/w/x), fir eise Site um Houwald.Deng Missioun ass et dofir ze suergen, datt déi pädagogesch Praxis mat der aktueller Gesetzeslag, dem jeeweilege Bildungsrahmenplang (non-formaler Bildung an och an der Kanner-Familljenhëllef) an eisen Valeuren â gepräägt vu Solidaritéit a Bienveillance â am Aklang ass.Zousätzlech dréis de dozou bäi, déi pädagogesch Praxis a Konzepter weiderzëentwéckelen an dâQualitéitssécherung an -entwécklung am Betrib virunzedreiwen.Du garantéiers, datt eis pädagogesch Approche permanent um neiste Stand ass an sech un dâBedierfnesser vun de Kanner, Jugendlechen a Familljen upasst.Du entwéckels, op Basis vun neie gesetzleche Reegelen, wëssenschaftlechen Erkenntnisser an internationale Referenzen, pedagogesch Konzepter.Däi ProfilDu hues :E fundéiert Wëssen a Verständnis vum soziale Secteur zu Lëtzebuerg,Eng mindestens 10-järeg Erfarung am soziale Beräich zu Lëtzebuerg,E Bachelor am sozio-edukative Beräich an/oder Assistant Social oder equivalent,Erfarung an der Qualitéitsentwécklung an der Qualitéitssécherung,Beherrsche vun de Kannerrechter a Kannerschutzkonzepter,Oppenheet fir nei Konzepter an Approchen,De Wëllen, dech perséinlech a professionell weiderzëentwéckelen,Freed drun, an enger multidisziplinärer Ekipp ze schaffen,Perfekt redaktionell Kapazitéiten am Franséischen an am DäitschenEng Kenntnis vun de Secteuren SEA, AEF a Jugend ass e Virdeel.Mir Bidden DirEng attraktiv Pai, déi no der aktueller CCT-SAS festgeluecht gëtt (Carrière C6 maximum),E Festvertrag (CDI) â 40 Stonnen/Woch,En empathescht a professionellt Aarbechtsëmfeld,Eng positiv Entreprisekultur mat der Méiglechkeet, Deel vun engem multidisziplinären, passionéierten an engagéierten Team ze ginn,En direkten oder no Ofsprooch méiglechen Ufank,En interessanten a villfältegen Aarbechtsberäich,DâMéiglechkeet, déi pädagogesch Praxis mat ze gestalten,Eng Plaz an enger ënnerstëtzender Ekipp,Ãnnerstëtzung fir deng perséinlech a professionell Entwécklung,Individuell ugepasste Weiderbildungsméiglechkeeten.Ass Bildung deng Beruffung ?Da si mir gespaant op dech! Wannâs de dech fir CJF entscheeds, gëss de Deel vun enger Associatioun, déi staark Wäerter an de Mëttelpunkt vun hirem Handele stellt: Engagement, Ouverture fir den Aneren a seng Diversitéit, Bienveillance a Solidaritéit.Eis Recrutementspolitik garantéiert gläich Chancë fir all Talent. All Kandidatur gëtt mat Respekt a Gerechtegkeet ugeholl a bewäert.Am Fall vun enger Astellung biede mir dech, en Extrait vum Casier judiciaire Nr. 3, Nr. 4 an Nr. 5 virzeleeën.Les informations recueillies font lâobjet dâun traitement destiné à permettre à CJF a.s.b.l. la gestion de la demande quâelle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de CJF a.s.b.l. conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).
Job Application Tips
- Tailor your resume to highlight relevant experience for this position
- Write a compelling cover letter that addresses the specific requirements
- Research the company culture and values before applying
- Prepare examples of your work that demonstrate your skills
- Follow up on your application after a reasonable time period