Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180. 000 Memberen déi gréissten A. s. b. l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierten Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanz Fligeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3. 000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loft Rettung an dem medizineschen Rapatriement gemaach.
Dir hutt Talent fir Kommunikatioun a Verkaf – awer keng klassesch Marketing-Ausbildung? Perfekt! Mir sichen eng Persoun mat Begeeschterung, Iwwerzeegungskraaft a Mënschekenntnis, déi eis Missioun mat Energie no baussen dréit.
Mir hunn eng fräi Positioun alsMarketing & Partnership Koordinator (m/w)40 Stonne pro Woch am CDIÄr Aufgab Dir gewannt nei Partner a Memberen fir eis Organisatioun Dir bréngt eis Missioun ënner d’ Leit – iwwer Eventer, Medien a Social Media Dir hëlleft bei der Organisatioun Dir schreift oder verbessert Texter fir Broschüren, Posts oder Radiospot Dir schafft enk zesummen mat engem kreativen Team a Marketing-Profien Dir maacht och administrative Aarbechten wéi zum Beispill Matschaffen bei d’Gestioun vum Budget, Offeren a RechnungenÄre ProfilDir hutt Erfarung am Verkaf, Event Management, Medien oder engem anere kommunikativen oder kreativen BeräichDir sidd eng natierlech kommunikativ Persoun – viru Leit an och um TelefonDir hutt fléissend Sprooch Kenntnisser, geschriwwe wéi och geschwat, an den offiziellen Sproochen vun Lëtzebuerg an och am Engleschen.
Dir kënnt gutt mat de gängege Computer Programmer ëmgoen. Äre QualitéitenSelbstänneg, responsabel, organiséiert an konzentréiertFlexibilitéit an Dynamik, wéi och groussen TeamgeeschtDiskretioun a Loyalitéit sinn Iech wichtegDen Ëmgang mat Mënschen aus verschiddenen Beräicher a Kulturen fält Iech liichtMir BiddenModern a spannend Aufgaben an engem engagéierten TeamProfessionellt a multikulturellt ËmfeldMéiglechkeet fir Weiderbildung an perséinlech EntwécklungAttraktiv Sozialleeschtungen a kollegial ZesummenaarbechtBei Astellung verlaangen mir en Auszoch aus dem Strof Regëster (Extrait Casier Judiciaire).
Wann Dir interesséiert sidd, da schéckt Äre Kandidatur mat enger rezenter Foto w. e. g. Mir freeë eis op Är Kandidatur!
Customize your resume to highlight skills and experiences relevant to this specific position.
Learn about the company's mission, values, products, and recent news before your interview.
Ensure your LinkedIn profile is complete, professional, and matches your resume information.
Prepare thoughtful questions to ask about team dynamics, growth opportunities, and company culture.