Marketing & PR Koordinator

Full time
🔍 Find Similar Jobs

Job Details

Employment Type

Full time

Category

Other

Salary

1,988.00 USD

Valid Through

Sep 13, 2025

Job Description

Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180. 000 Memberen déi gréissten A. s. b. l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierten Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanz Fligeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3. 000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loft Rettung an dem medizineschen Rapatriement gemaach. Mir sichen Ënnerstëtzung an fir eist Marketing Departement.

Dir sidd kreativ, kënnt gutt mat Wieder a Biller jongléieren? Dir sidd gutt organiséiert, an Zuelen maachen Iech keng Angscht? Dir kënnt gutt mat Mënschen ëmgoen, an hutt excellent Manéieren?Da Siche Mir Genau Iech, AlsMarketing & PR Koordinator (m/w)40 Stonne pro Woch am CDIÄr RollËnnerstëtzung vun der Equipe Marketing & PR: Acquisitioun a Betreiung vun eise Corporate Memberen. Promotioun vun den Aktivitéiten fir déi verschidde Zilgruppen vun der Luxembourg Air Rescue (LAR) an der Fondation Luxembourg Air Rescue (FLAR).

Ënnerstëtzung beim Ausschaffen, Korrekturliesen an Iwwersetzung vu Contenu fir Radio, Tëlee, Social Media an och Print Medien. Ausschaffen vum Medie Plang, Entwécklung vun Promotiounen an Zesummenaarbecht mat Marketing Spezialisten. Support bei der Organisatioun vu Foiren an Evenementer zu Lëtzebuerg souwéi an der Groussregioun. Organisatioun an Duerchféieren vun Visitten an den LAR-Raimlechkeeten . Gestioun vum Budget. Gestioun a Kontroll vun Offeren an Rechnungen. Duerchféieren vun externen LAR-Präsentatiounen. Äre ProfilDir hutt en Diplom am Marketing, Kommunikatioun oder engem änleche Beräich (Bac +2) an eng Beruffserfarung vu mindestens 3 Joer, an enger änlecher Funktioun.

Dir hutt fléissend Sprooch Kenntnisser, geschriwwe wéi och geschwat, an den offiziellen Sproochen vun Lëtzebuerg an och am Engleschen. Dir kënnt gutt mat de gängege Computer Programmer ëmgoen.

Äre QualitéitenSelbstänneg, responsabel, organiséiert an konzentréiertFlexibilitéit an Dynamik, wéi och TeamgeeschtDiskretioun a Loyalitéit sinn Iech wichtegDen Ëmgang mat Mënschen aus verschiddenen Beräicher a Kulturen fält Iech liichtMir BiddenModern a spannend Aufgaben an engem engagéierten TeamProfessionellt a multikulturellt ËmfeldMéiglechkeet fir Weiderbildung an perséinlech EntwécklungAttraktiv Sozialleeschtungen a kollegial ZesummenaarbechtBei Astellung verlaangen mir en Auszoch aus dem Strof Regëster (Extrait Casier Judiciaire). Wann Dir interesséiert sidd, da schéckt Äre Kandidatur mat enger rezenter Foto w. e. g. Mir freeë eis op Är Kandidatur!

Apply Now

You'll be redirected to the company's application portal

Application Success Tips

Resume Tailoring

Customize your resume to highlight skills and experiences relevant to this specific position.

Company Research

Learn about the company's mission, values, products, and recent news before your interview.

Profile Optimization

Ensure your LinkedIn profile is complete, professional, and matches your resume information.

Interview Preparation

Prepare thoughtful questions to ask about team dynamics, growth opportunities, and company culture.

Back to Job Listings