arcus asbl

Educateur diplômé (M/W/NB) – CISP Movida ¦ Furen

Posted: Nov 7, 2025

Job Description

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.De Centre d’insertion socio-professionel (CISP) Movida riicht sech u Jugendlecher, déi sech aus ganz ënnerschiddlechen Grënn am reguläre Schoulsystem net zurechtfannen a bei der Erfëllung vun der Schoulpflicht op eng intensiv sozialpädagogesch Ënnerstëtzung ugewise sinn. An eiser Dagesstruktur begleets du Jugendlecher am Alter vun 12 - 16 Joer unhand vun handlungsorientéierter Projetsaarbecht, mam Bléck op eng traumapädagogesch Virgoensweis.ResponsabilitéitenMir siche fir den CISP Movida zu Furen een Educateur diplomé (M/W/NB) 30-35 Stonnen/Woch CDIVermëttele vu formalen a non-formalen InhalterKooperatioun mat externe Partner a mat de FamilljenËnnerstëtzen a Begleeden vu Jugendlecher op hirem WeeObligatoresch UfuerderungenDir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten DiplomDir hutt eng respektvoll HaltungDir hutt minimum 3 Joer Beruffserfahrung a pädagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat JugendlecherDir sidd flexibel an den AarbechtszäitenDir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzenDir hutt Fäegkeet a Bereetschaft zur Selbstreflexioun a Selbstregulatioun Mir biddenMéiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffenEng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SASEn ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngenWeiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bassEn dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Job Application Tips

  • Tailor your resume to highlight relevant experience for this position
  • Write a compelling cover letter that addresses the specific requirements
  • Research the company culture and values before applying
  • Prepare examples of your work that demonstrate your skills
  • Follow up on your application after a reasonable time period

You May Also Be Interested In