arcus asbl

NEW Psycholog (M/W/NB) - Berodungsdéngscht (Familljenhaus Süden & Familljenhaus Déifferdeng)

Posted: Nov 7, 2025

Job Description

Psycholog (M/W/D) – Berodungsdéngscht (Familljenhaus Süden & Familljenhaus Déifferdeng)arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire 1500 Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.Mir siche fir de Berodungsdéngscht (Familljenhaus Süden zu Esch-Uelzecht & Familljenhaus Déifferdeng) e Psycholog (m/w/nb) am CDI mat 20-30 Stonnen/Woch.Eis regional Familljenhaiser sinn eng zentral Ulafstell fir verschidden ambulant Servicer a bidden eng ganzheetlech Äntwert op d’Besoinen vu Kanner, Jugendlechen a Familljen. Dorënner, bitt de Berodungsdéngscht eng psychotherapeutesch Ënnerstëtzung fir Kanner, Jugendlecher, jonk Erwuessener, Elteren a Fleegefamilljen, déi individuell oder familiär Problemer hunn, souwéi Diagnostik a Clearing.ResponsabilitéitenDu begleets an ënnerstëtz eenzel Persounen a Familljen op hirer Rees zu méi Wuelbefannen a StabilitéitObligatoresch UfuerderungenDu hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog (Master), oder soss e Master an engem sozial-pädagogesche Beräich, respektiv eng Unerkennung als PsychotherapeutDu hues eng therapeutesch Ausbildung vun minimum 300 Stonnen („en cours de formation“ kënnt och a Fro)Du hues minimum 2 Joer Beruffserfarung an engem änleche PostenDu bass flexibel an den AarbechtszäitenDu kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen (minimum C1), all aner Sprooch ass vu VirdeelDu hues de Permis B an en AutoMir BiddenMéiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffenEng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SASEn ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngenWeiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bassEn dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld(bei enger Astellung froen mir de casier judiciaire)

Job Application Tips

  • Tailor your resume to highlight relevant experience for this position
  • Write a compelling cover letter that addresses the specific requirements
  • Research the company culture and values before applying
  • Prepare examples of your work that demonstrate your skills
  • Follow up on your application after a reasonable time period

You May Also Be Interested In